Krich, Jugend an Erënnerung

  • Conférence
  •  |  Collaboration

Den Zweete Weltkrich am Lëtzebuerger Kino

Lieu :
CinéStarlight
Dates :
Le 19.11.2026 à 19:30
Organisateur :
CM2GM, CNA
Prix :
Entrée libre: 0€
Langue(s) :
Luxembourgeois

(Ce texte n'existe pas en français.)

Kaum een Thema huet de Lëtzebuerger Kino esou konsequent beschäftegt wéi den Zweete Weltkrich.

De Virtrag setzt bei de Filmopname vun de Centenaire-Feierlechkeete vun 1939 un, bei deene Lëtzebuerg – aus der Perspektiv vun haut – kuerz virum Ausbroch vum Krich seng national Identitéit an Onofhängegkeet an de Vierdergrond gestallt huet. Vun do aus verfollegt de Virtrag déi filmesch Ausernanersetzung mam Krich iwwer d’Opnamen aus der Besatzungszäit an deene Filmer, déi an der onmëttelbarer Nokrichszäit entstane sinn, bis bei d’Documentaire- a Spillfilmer aus de leschte Joerzéngten, dorënner ënner anerem Déi Zwéi vum Bierg, Schwaarze Schnéi(allebéid 1985), Schacko Klak (1989), Sentimental Journey (1995), Heim ins Reich (2004) an Eng nei Zäit (2015). Dobäi gëtt d’Fro gestallt, wéi eng Biller vum Krich de Lëtzebuerger Kino geschaf huet, wien doranner zu Wuert kënnt a wien net, a wéi dës Filmer d’Erënnerungskultur zu Lëtzebuerg mat gepräägt hunn.

Eng besonnesch Opmierksamkeet gëllt der Jugend. Ob als Zwangsrekrutéierter, Resistenzler oder als Kanner, déi beobachten : och un hirer Duerstellung léisst sech ofliesen, wéi sech d’Erënnerung un d’Besatzung, de Widderstand an d’Kollaboratioun zu Lëtzebuerg am Laf vun de Joerzéngte verännert huet.

Conférencier : Yves Steichen