25 September, 20 Auer : Projektioun vum Dokumentarfilm « TERRE ROUGE-Topographie du poète » iwwert d’Wierk vum Gaston Rollinger
26 & 27 September, 20 Auer : Concert
Minett Poesie
(This text does not exist in English.)
De Gaston Rollinger huet säi ganzt Liewen am Quartier Hiel zu Esch verbruecht. An dësem Mikrokosmos um Fouss vum Kazebierg, tëscht der franséischer Grenz, der aler Brasseur Schmelz, de Weieren an de Minièren am Ellergronn sinn och seng ronn 40 Gedichter op lëtzebuergesch entstanen.
Ouni Pathos, ma net ouni Humor, schwätze si an enger direkter, billerräicher Sprooch universell Theme wéi d’Liewen, d’Aarbecht, den Doud an d’Vergänglechkeet un. D’Hiel an de Niddergang vun der Eisenindustrie bidden dozou den Décor.
De Museker a Regisseur Fränz Hausemer huet sech wärend e puer Joer intensiv mat sengem Wierk beschäftegt an eng Partie vu senge Gedichter vertount. Dorauser sinn de ganz intimistesche Musek Album « Däischter Deeg » (2024) an den Dokumentarfilm « TERRE ROUGE-Topographie du poète », deen 2025 vum Luxembourg City Film Festival selektionéiert gouf, entstanen.
Am historeschen Zentral Atelier vun der Metzeschmelz treffen d’Téin a Biller aus dësem poetesch-cinematographesche Concert op de Stol an de Stëbs aus der Héichzäit vun der Lëtzebuerger Eisenindustrie. Chanson, Jazz a filmesche Klangwelten am Dialog mam Geescht vum Stolwierk.
Mat:
Fränz Hausemer Piano, Stëmm
Greg Lamy, elektresch Gittar
Benoît Martiny, Batterie, Perkussioun
Luciano Pagliarini, Saxophon
Benoît Legot, Kontrabass
Renata Van der Vyver, Viola
Daniel Pagliarini, Akkordeon
Marco Lorenzini, Rezitatioun
Um Fouss vun de Fielsen, déi hannert den Haiser,
vu Baschten zerrass, an der Owessonn stinn,
am roude Revéier mat Brécken a Gleiser,
déi nëmmen drop waarden, zerschloen ze gin…
(“Wou ech wunnen”)
25 September, 20 Auer : Projektioun vum Dokumentarfilm « TERRE ROUGE-Topographie du poète » iwwert d’Wierk vum Gaston Rollinger
26 & 27 September, 20 Auer : Concert
Partner : Ferro Forum, Lycée de Garçons Esch, Kulturfabrik, Ville d’Esch
Mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vun Centre national de l’audiovisuel, Centre national de littérature, Œuvre nationale de secours Grande-Duchesse Charlotte, Ministère de la Culture.
Talk
(This text does not exist in English.) Réalisé en 1969 par Jean-Pierre Melville, lui-même ancien résistant, L’armée des ombres adapte le roman de Joseph Kessel (1943) et interroge l’imagerie héroïque de la Résistance. Autour de Philippe Gerbier (Lino Ventura), le...
See moreTalk
(This text does not exist in English.) Pendant bien trop longtemps, le cinéma a filmé la résistance au masculin, en réduisant les femmes aux rôles d’infirmières et de messagères dans l’ombre des gares comme dans La Bataille du rail (France,...
See moreProfessionals | Workshop | Learn
Exclusively for LARS members, subject to registration. The Centre national de l’audiovisuel (CNA) is pleased to offer a legal workshop specifically designed for LARS members. Led by lawyers Karine Riahi and Julien Brunet from the law firm Brunet Riahi, which...
See more