Production De Lampertsbierg Documentaire de Joy Hoffmann

'De Lampertsbierg' ass en Dokumentarfilm iwwert d'Geschicht vum Stater Quartier Lampertsbierg, recherchéiert a realiséiert vum Joy Hoffmann, a produzéiert vum Centre national de l'audiovisuel (CNA). Mat der Ënnerstëtzung vun de "Lampertsbierger Geschichtsfrënn".

Co-Realisatioun a Schnëtt : Misch Bervard

Bild: Nikos Welter

Musek: Pol Belardi

Tounopnam: Philippe Mergen, Yves Melchior

Tounmontage: Anthony Juret (Philophon), Philippe Mergen

Tounmixage: Ken Nnganyadi (Philophon)

Grafik: Eric Nicolas Smit

Produzentin: Viviane Thill

Kommentar geschwat vum: Gintare Parulyte a Joy Hoffmann

Commentaire de la version française de : Sophie Langevin et Denis Jousselin

Mat : Christiane Bis-Worch, Michel Petit, Huguette Etienne-Heldenstein, Jean-Pierre Friedrich, Robert Biever, Nicole Sahl, Pe'l Schlechter, Christian Pearson (Sumo), Roland Schauls, Marie-Jeanne Schlechter-Kremer, Charles Muller, Pit Oberweis, Jeanny Hilger-Conrath, Armand Strainchamps, Marianne Goerens-Schalz, Pit Schlechter, Nico Simon, Robert Bohnert, Serge Tonnar, Brigitte Reuter, Nora Koenig, Georges Neuen, Steve Karier, Frank Hoffmann, Paul Cottam, Camille Weydert, LGL Studenten: Barbara Ries, Rachel Reicher, Emma Kremer, Christophe Bleser, Grisha Romashkin, Sam Zawalsky, Ben Manso

De Film baséiert op Interviewe mat zum gréissten Deel Lampertsbierger Leit, op Filmarchiven aus dem CNA a vun RTL, zousätzlech gedréite Biller, a Fotoen an Dokumenter aus diverse Lëtzebuerger Archiven, a private Kollektiounen.

'De Lampertsbierg' werft e perséinleche Bléck op e Quartier aus der Siicht vun engem dee säi ganzt Liewen do verbruecht huet. E weist lokal Spezifitéiten op, ass awer virun allem och e Spigelbild vun 150 Joer Stater, an oft esouguer nationaler Geschicht.

 

De Film presentéiert sech als eng Serie a 6 Deeler, vun all Kéier ca. 35 Minutten: 

Kapitel 1. D'Urbanisatioun vum Quartier 1867-1940 (39 Min.)

Kapitel 2. Den Zweete Weltkrich (28 Min.)

Kapitel 3. Vu Kënschtler, Geschäfter a Betriber (38 Min.)

Kapitel 4. D'Liewen um Lampertsbierg an de 60er Joren (36 Min.)

Kapitel 5. Ënnerhalung a Kultur (37 Min.)

Kapitel 6. Vu Schüler, Immigranten an enger neier Festung (29 Min.)

Dauer: 208 Min.

Als e Quartier vun der Stad Lëtzebuerg, dee sech relativ spéit entwéckelt huet, charakteriséiert de Lampertsbierg sech duerch eng Trennung tëschent “ieweschtem” an “ënneschtem” Lampertsbierg, déi, jee no den Epochen, verschidde Formen unhëlt. Vun ca. 1850 bis zum 2. Weltkrich dominéieren am ieweschten Deel Kléischter a Gäertnereien, dorënner dräi weltwäit bekannte Rousenziichtereien, deemools déi drëttgréisst Exportindustrie no dem Stol an de Schiferleeënn. Am ënneschten Deel installéiere sech Amusementsetablissementer, vun de fréie Gaardewiertschaften (Westeschgaart), iwwert grouss Danz- a Varieté-Lokaler (BataclanZirkus RenquinGaité Theater) bis zur Fouer.

Am 2. Weltkrich ass de Lampertsbierg, zum Deel wéinst de “Großkundgebungen” an den Ausstellungshalen, enger besonnesch strenger Kontroll duerch d'Nazien an de sëllegen Lampertsbierger Kollaborateuren ausgesat. 2 vun den 12 zum Doud condamnéierte Kollaborateure ware Lampertsbierger. Di massiv Deportatioun vu Lampertsbierger Familljen weist awer, dass et doniewent och eng staark Resistenz géint d'Nazibesatzung gouf.

Nom Krich, a besonnesch vun de 1960er Joren un, mutéiert den ieweschte Lampertsbierg zu engem huppéierte Wunnquartier, mat engem risege Schoulcampus dee sech, zousätzlech zu de säit laangem etabléierte Gebaier vun der Industrieschoul, dem Meedercherslycée an der Handwierkerschoul, zimmlech konzeptlos entwéckelt huet. An dësem intellektuellen Ëmfeld hu sech besonnesch vill Artisten néiergelooss, wéi de wuel bekanntste Lëtzebuerger Moler Joseph Kutter, oder d'Schlechter- an d'Weyer-"Dynastien", Pionéier vun der Lëtzebuerger Grafik a Publicitéit, déi jorelaang a Lampertsbierger Hänn waren.

Déi soziologesch Struktur vun den Awunner evoluéiert lues a lues mat der portugisescher Immigratioun, dem Refugiéierten-Heem Don Bosco, an de villen auslännesche Beamten aus dem Finanzsecteur an den europäeschen Institutiounen.

Am ënneschten Deel zéie weiderhin, niewent Restauranten a Bistroen, kulturell a populär Institutiounen wéi d'Discothéik Blow Up, de Groussen Theater, de Ciné Utopia, d'Dikkricherstuff oder de Nikloseck Leit aus dem ganze Land un.

Zur gläicher Zäit verschwannen awer och, wéi an anere Quartieren, no a no di kleng Geschäfter, genau wéi den Tram an d'Ateliersen vum Tramsschapp.

Dat kathoulescht Veräinshaus gëtt zum kulturelle Sammelpunkt an Integratiounsfacteur fir e groussen Deel vun de Lampertsbierger Jugendlechen, wärend hannert de Mauere vum "Kannerland" Honnerte vu manner privilegiéierte Kanner eng traumatesch Erzéiung erliewen.

D'Ausstellungshalen, déi bis an d'70er Joren de Lampertsbierg mat de Foire belieft hunn, erschéngen haut grad esou als urbanistesch Sënn, wéi d'"Banke-Mauer" an der Scheffer Allee an de Parking um Glacis.  Anescht wéi am 19. Joerhonnert, wou de Lampertsbierg d'Erhuelungsgebitt fir d'Leit aus der Festungsstad war, gëtt de Quartier haut ëmmer méi selwer zu enger Festung, déi vun enger Mauer an engem "blechenen" No-man's-land vun der eigentlecher Stad ofgeschnidden ass.

 

Last update