Ciné-conférence: Cinema da retomada
- CinéStarlight
- | General Public
- | Talk
D’Geschicht vum brasilianesche Kino säit 1990
- Place:
- CinéStarlight - 1b, rue du Centenaire, 3475 Dudelange, Luxembourg
- Dates:
- On 20.04.2024 from 10:00 to 12:00
- With:
- Yves Steichen (CNA)
De brasilianesche Kino vun haut gehéiert, zesumme mat deem vun anere latäinamerikanesche Länner wéi Mexiko an Argentinien, zu deene kreatiivsten a spannendste Filmindustrië weltwäit – mat Filmproduktiounen, déi souwuel um nationale wéi internationale Plang grouss Succèse ginn a sëllege Präisser gewannen. Dat war awer net ëmmer sou: No der Opléisung vun de staatleche Filmproduktiouns- a Fërderinstitutiounen Embrafilme a Cocine am Joer 1990 war déi brasilianesch Filmindustrie zäitweis an eng déif Kris geroden. De Retour – oder d’Retomada – vum brasilianesche Kino Mëtt den 90er-Joren huet coïncidéiert mat neien demokrateschen Ambitiounen an enger Relance vun der Ekonomie. Filmer wéi Central do Brasil (1998, Walter Salles), Cidade de Deus (2002, Fernando Meirelles, Kátia Lund) an Tropa de Elite (2007, José Padilha) hunn och international vun sech schwätze gedoen, an hunn dem brasilianesche Kino nees zu neier Gréisst an Unerkennung verhollef. Thematesch an ästheetesch hunn dës Produktiounen sech um Cinema Novo vun de 50er- a 60er-Joren inspiréiert. Niewent de Lieue wéi de Favelae vun deene grousse Stied an dem Sertão (dat aarmt Hannerland am Nordoste vu Brasilien) goufen och d’Theeme wéi déi sozial a politesche Gewalt, Korruptioun a staatlechen Institutiounen souwéi ganz allgemeng déi sech verännerend Welt opgegraff a moderniséiert.
D’Ciné-conférence retracéiert d’Entwécklung vum brasilianesche Kino säit 1990 an illustréiert se mat Hëllef vun Extraiten aus deene wichtegste Filmproduktiounen.
Durée : ca. 120 Min.
Sprooch : Lëtzebuergesch
Fräien Entrée, ouni Réservatioun
Autres événements
-
Talk
The Future of Photography’s Past
Guest speakers: Philippe Herbet, Writer, Photographer, and Traveller Emmanuel d’Autreppe, Lecturer at ESA Saint-Luc Liège, Photography Historian, Editor, Critic, and Exhibition Curator. A distinctly literary voice recounts a strange experience: a return to photography accompanied by a stay in a...
See more -
CinéStarlight
CinEast Festival 2026
CinEast is held annually in October since 2008. The 19th edition of the festival will take place from 9 to 25 October 2026, and CinéStarlight is one of the partner cinemas hosting three screenings as part of this year’s festival.
See more -
Médiathèque | Collaboration
Searching a-z.lu and Online Resources
The Dudelange Regional Public Library and the CNA Media Library are joining forces to introduce you to three free services available through your libraries: Searching the online catalogue at a-z.lu ebooks.lu Video on demand with MéNuLu (Médiathèque numérique du Luxembourg)...
See more