Borderland – Das US-mexikanische Grenzgebiet im Kino
Film & Politik
- Place:
- Ciné Scala - Diekirch
- Dates:
- On 12.06.2024 at 18:30
(This text does not exist in English.)
Déi iwwert 3000 km laang Grenz tëscht den USA a Mexiko gëtt am Hollywood-Kino inszenéiert als eng Plaz op där zwou Welte meeschtens brutal openeestoussen. An de Westernfilmer ginn angelsächsesch Sheriffen an Texas Rangers konfrontéiert mat Banditen, rebelleschen Indianer, blutrünstege Revolutionären a verféiereche Fraen. Haut, wou eng Mauer deels d’Festunge vu fréier ersat huet, an d’Grenz net nëmmen zwee Länner, mee och de globale Süden vum räichen Norden trennt, kämpfen d’US Border Patrol an den FBI géint onerwënschten Immigranten, Drogendealer a mutmaasslech Terroristen. Un Hand vun haaptsächlech US amerikaneschen an awer och mexikanesche Filmer gëtt d’US-mexikanesch Grenzgebitt analyséiert als Dekor fir dacks haarden Action-Kino, mee och politesch engagéiert Reflexiounen iwwert Invasiouns-Ängschten, national Identitéiten, kulturell Wäerter, ekonomesch Exploitatioun a staatlech Gewalt.
Conférencière : Viviane Thill
Langue : luxembourgeois
Autres événements
-
Workshop | Young audience | Learn
Your Turn to Play!
Saturdays, February 20 & 27 | 10:00 a.m.–12:30 p.m. (Attendance at both sessions is required.) Over the course of these two sessions, you’ll imagine and draw your own 2D video game characters, then watch them come to life on screen...
See more -
Workshop | Young audience | Learn
Studio CinéKrafté : Christmas Special
See more -
Workshop | Young audience | Learn
The Seventh Art in All Its Forms
See more