Talking Pictures: Hello Bambi!
- CinéStarlight
- | General Public
- | Talk
Ciné-Conférence
- Place:
- CinéStarlight - 1b, rue du Centenaire, L-3475 Dudelange, Luxembourg
- Dates:
- On 02.12.2023 from 09:30 to 12:00
- With:
- Viviane Thill
TALKING PICTURES
De Filmdepartement vum CNA zesumme mat der Médiathèque du CNA proposéieren dësen Hierscht eng nei Serie vun insgesamt 6 Ciné-Conférencen ënnert dem Numm Talking Pictures. An der éischter Saison vun dësem neie Format, dat sech un all Public riicht, ënnersiche mir aus enger filmgeschichtlecher a filmsproochlecher Perspektiv de Rapport tëschent Kino an Natur — an no all Ciné-Conférence gëtt et d'Méiglechkeet, an der Mediathéik vum CNA eng Selektioun vu Filmer a Bicher zu deem jeeweilegen Theema ze consultéieren oder auszeléinen, respektiv sech an engem conviviale Kader iwwer de Sujet auszetauschen.
6 Rendez-vousen, jeeweils vun 9h30 bis 12h00 am CinéStarlight an an der Mediathéik.
D'Entrée ass gratis ; all d'Virträg sinn op Lëtzebuergesch.
Entdeckt hei d’Filmo- a Bibliographie (Pdf, 904 Kb) vun der Médiathéik fir d'Ciné-Conférencen 'Talking Pictures' ze begleeden!
Hello Bambi ! – D’Natur am Animatiounskino fir Kanner
Datum : Samschden, 2. Dezember 2023 | Auerzäit : 9h30-12h00 | Lieu : CinéStarlight
Conferencière : Viviane Thill
Dem Walt Disney säi „Bambi“ war fir vill Generatiounen déi éischt Konfrontatioun mat der Natur am Film. Säit de Bambi 1942 fir d’éischt an de Kino koum, huet awer net just eis Ëmwelt sech verännert, mee och d’Filmindustrie, d’Manéier wéi mer d’Natur gesinn an duerstellen, a wéi mer eise Kanner se weisen. An der Konferenz ginn net nëmmen Disney a Pixar-Filmer ënnert d’Lupp geholl, mee och japanesch Meeschterwierker wéi „Princesse Mononoke“ an eng ganz Rei Lëtzebuerger Koproduktiounen, vu „Kirikou“ bis zu „Wolfwalkers“.
https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=285757
Autres événements
-
Workshop | Young audience | Learn
Your Turn to Play!
Saturdays, February 20 & 27 | 10:00 a.m.–12:30 p.m. (Attendance at both sessions is required.) Over the course of these two sessions, you’ll imagine and draw your own 2D video game characters, then watch them come to life on screen...
See more -
Workshop | Young audience | Learn
Studio CinéKrafté : Christmas Special
See more -
Workshop | Young audience | Learn
The Seventh Art in All Its Forms
See more