Talking Pictures: Inventing Worlds
- CinéStarlight
- | General Public
- | Talk
Ciné-Conférence
- Place:
- CinéStarlight - 1b, rue du Centenaire, L-3475 Dudelange, Luxembourg
- Dates:
- On 25.11.2023 from 09:30 to 12:00
- With:
- Yves Steichen, CNA
TALKING PICTURES
De Filmdepartement vum CNA zesumme mat der Médiathèque du CNA proposéieren dësen Hierscht eng nei Serie vun insgesamt 6 Ciné-Conférencen ënnert dem Numm Talking Pictures. An der éischter Saison vun dësem neie Format, dat sech un all Public riicht, ënnersiche mir aus enger filmgeschichtlecher a filmsproochlecher Perspektiv de Rapport tëschent Kino an Natur — an no all Ciné-Conférence gëtt et d'Méiglechkeet, an der Mediathéik vum CNA eng Selektioun vu Filmer a Bicher zu deem jeeweilegen Theema ze consultéieren oder auszeléinen, respektiv sech an engem conviviale Kader iwwer de Sujet auszetauschen.
6 Rendez-vousen, jeeweils vun 9h30 bis 12h00 am CinéStarlight an an der Mediathéik.
D'Entrée ass gratis ; all d'Virträg sinn op Lëtzebuergesch.
Entdeckt hei d’Filmo- a Bibliographie (Pdf, 904 Kb) vun der Médiathéik fir d'Ciné-Conférencen 'Talking Pictures' ze begleeden!
Inventing Worlds – Imaginär Welten am Fantasy- a Science-Fiction-Kino
Datum : Samschden, 25. November 2023 | Auerzäit : 9h30-12h00 | Lieu : CinéStarlight
Conferencier : Yves Steichen
Säit sengen Ufäng war de Kino als audiovisuellt Medium a Konschtform ëmmer nees mat der Fro konfrontéiert, wéi sech Landschaften a Welten um groussen a klengen Ecran duerstelle loossen, déi esou net oder net méi an der Realitéit existéieren – vu prehistoreschen, fantasteschen oder mythologesche Welten bis bei friem Planéiten an ausserierdesch Ekosystemer. An der Konferenz gi mir der Fro no, wéi de Kino am Laf vu senger Geschicht dës erzieleresch Erausfuerderung gemeeschtert huet a wourun ee sech bei der Gestaltung vu fiktive Welten am Fantasy- a Science-Fiction-Kino inspiréiert huet.
https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=285756
Autres événements
-
Talk
The Future of Photography’s Past
Guest speakers: Philippe Herbet, Writer, Photographer, and Traveller Emmanuel d’Autreppe, Lecturer at ESA Saint-Luc Liège, Photography Historian, Editor, Critic, and Exhibition Curator. A distinctly literary voice recounts a strange experience: a return to photography accompanied by a stay in a...
See more -
CinéStarlight
CinEast Festival 2026
CinEast is held annually in October since 2008. The 19th edition of the festival will take place from 9 to 25 October 2026, and CinéStarlight is one of the partner cinemas hosting three screenings as part of this year’s festival.
See more -
Médiathèque | Collaboration
Searching a-z.lu and Online Resources
The Dudelange Regional Public Library and the CNA Media Library are joining forces to introduce you to three free services available through your libraries: Searching the online catalogue at a-z.lu ebooks.lu Video on demand with MéNuLu (Médiathèque numérique du Luxembourg)...
See more