Talking Pictures: At what point do we escalate?
- CinéStarlight
- | General Public
- | Talk
Ciné-Conférence
- Place:
- CinéStarlight - 1b, rue du Centenaire, L-3475 Dudelange, Luxembourg
- Dates:
- On 11.11.2023 from 09:30 to 12:00
- With:
- Viviane Thill
TALKING PICTURES
De Filmdepartement vum CNA zesumme mat der Médiathèque du CNA proposéieren dësen Hierscht eng nei Serie vun insgesamt 6 Ciné-Conférencen ënnert dem Numm Talking Pictures. An der éischter Saison vun dësem neie Format, dat sech un all Public riicht, ënnersiche mir aus enger filmgeschichtlecher a filmsproochlecher Perspektiv de Rapport tëschent Kino an Natur — an no all Ciné-Conférence gëtt et d'Méiglechkeet, an der Mediathéik vum CNA eng Selektioun vu Filmer a Bicher zu deem jeeweilegen Theema ze consultéieren oder auszeléinen, respektiv sech an engem conviviale Kader iwwer de Sujet auszetauschen.
6 Rendez-vousen, jeeweils vun 9h30 bis 12h00 am CinéStarlight an an der Mediathéik.
D'Entrée ass gratis ; all d'Virträg sinn op Lëtzebuergesch.
Entdeckt hei d’Filmo- a Bibliographie (Pdf, 904 Kb) vun der Médiathéik fir d'Ciné-Conférencen 'Talking Pictures' ze begleeden!
“At what point do we escalate?“ – Ekoterrorismus am Film
Datum : Samschden, 11. November 2023 | Auerzäit : 9h30-12h00 | Lieu : CinéStarlight
Conferencière : Viviane Thill
Als Ekoterroriste gi Mënsche bezeechent, déi illegal Mëttel benotzen fir d’Natur ze schützen oder fir op d’Destruktioun vun der Ëmwelt opmierksam ze maachen. Mee wärend Terroristen net eréischt zanter 2001 am Kino dacks d’Roll vun deene Béisen iwwerhuelen, sinn Ekoterroristen nach éischter seelen a meeschtens och vill méi komplex duergestallt. Filmer, déi Ekoterroristen als Personnagen hunn, verhandelen Theme wéi Responsabilitéit, Moral, sozial Ongerechtegkeet, Gewalt a d’Zukunft vun der Mënschheet. Se gehéieren och zu den nach rare Filmer, déi sech mat der Klima- an der Biodiversitéits-Kris ausernee setzen an no Weeër sichen, dës am Kino duerzestellen.
https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=285755
Autres événements
-
Talk
The Future of Photography’s Past
Guest speakers: Philippe Herbet, Writer, Photographer, and Traveller Emmanuel d’Autreppe, Lecturer at ESA Saint-Luc Liège, Photography Historian, Editor, Critic, and Exhibition Curator. A distinctly literary voice recounts a strange experience: a return to photography accompanied by a stay in a...
See more -
CinéStarlight
CinEast Festival 2026
CinEast is held annually in October since 2008. The 19th edition of the festival will take place from 9 to 25 October 2026, and CinéStarlight is one of the partner cinemas hosting three screenings as part of this year’s festival.
See more -
Médiathèque | Collaboration
Searching a-z.lu and Online Resources
The Dudelange Regional Public Library and the CNA Media Library are joining forces to introduce you to three free services available through your libraries: Searching the online catalogue at a-z.lu ebooks.lu Video on demand with MéNuLu (Médiathèque numérique du Luxembourg)...
See more