CinéStarlight  |  General Public  |  Talk Talking Pictures Cycle de ciné-conférences

Place:
CinéStarlight - 1b, rue du Centenaire, L-3475 Dudelange, Luxembourg
Dates:
From 30.09.2023 at 09:30
to 02.12.2023 at 12:00

TALKING PICTURES

 

De Filmdepartement vum CNA zesumme mat der Médiathèque du CNA proposéieren dësen Hierscht eng nei Serie vun insgesamt 6 Ciné-Conférencen ënnert dem Numm Talking Pictures. An der éischter Saison vun dësem neie Format, dat sech un all Public riicht, ënnersiche mir aus enger filmgeschichtlecher a filmsproochlecher Perspektiv de Rapport tëschent Kino an Natur — an no all Ciné-Conférence gëtt et d'Méiglechkeet, an der Mediathéik vum CNA eng Selektioun vu Filmer a Bicher zu deem jeeweilegen Theema ze consultéieren oder auszeléinen, respektiv sech an engem conviviale Kader iwwer de Sujet auszetauschen. 

6 Rendez-vousen, jeeweils vun 9h30 bis 12h00 am CinéStarlight an an der Mediathéik.

D'Entrée ass gratis ; all d'Virträg sinn op Lëtzebuergesch.

Entdeckt hei d’Filmo- a Bibliographie (Pdf, 904 Kb) vun der Médiathéik fir d'Ciné-Conférencen 'Talking Pictures' ze begleeden! 

 

1. Survival of the Fittest ? – Déierefilmer vun 1897 bis haut

Datum : Samschden, 30. September 2023 | Auerzäit : 9h30-12h00 | Lieu : CinéStarlight

Conferencière : Viviane Thill

 

Déierefilmer si wuel ee vun deene beléiftste Genren op der Televisioun. Och an de Kino komme reegelméisseg opwänneg Produktiounen, déi eis d’Natur an d’Déiere weisen, „sou wéi nach kee se gesinn huet“. Mee wéi ass dee Genre entstanen, an wéi huet en sech entwéckelt? Wéi eng Geschichten erzielt en eis? Wéi stellt en d‘Natur duer? Wat léiert de Genre eis iwwert d’Déieren, a wéi eng Déiere kréie mer doranner gewisen? Wat seet en eis iwwert eis eege Kultur an iwwert d’Welt an där mir liewen? An ass iwwerhaapt alles richteg, wat mer an den Déierefilmer gesinn?  

https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=285752    

 

2. Animal Horror Cinema – Déi monstréis Säit vun Natur an Déier

Datum : Samschden, 14. Oktober 2023 | Auerzäit : 9h30-12h00 | Lieu : CinéStarlight

Conferencier : Yves Steichen

 

King KongFormiculaGodzillaThe FlyAlligatorArachnophobia – an der Kinosgeschicht huet déi monstréis Natur säit jeehier eng fest Plaz. Dacks fënnt si hiren Ausdrock iwwer schrecklech Déieren oder Kreaturen, déi entweeder vu sech aus géint d’Mënschheet rebelléieren oder d’Resultat dovu sinn, dass de Mënsch op déi ënnerschiddlechst Manéieren an d’Natur agegraff a se domat verännert huet. Filmer, déi dem Genre vum „Animal Horror Cinema“ zougeschriwwe ginn, thematiséieren dës Hybris a reflektéieren domat och eis Attitudë vis-à-vis vu Wëssenschaft a Gesellschaft, vun der Fragilitéit vum Ekosystem a vun der Ongewëssheet géigeniwwer den onkontrolléierbare Säite vun archaeschen Naturkräften.

https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=285753

 

3.  Inconvenient Truths – Ekoziden am Kino

Datum : Samschden, 21. Oktober 2023 | Auerzäit : 9h30-12h00  | Lieu : CinéStarlight

Conferencier : Yves Steichen

 

Mam Term „Ekozid“ ginn am wäiteste Sënn all méiglech Zorte vu Stéierunge vum ekologesche Gläichgewiicht an Naturzerstéierungen duerch Ëmweltverschmotzung bezeechent. D’Ursaachen dovu kënne vilfälteg sinn: exzessiven Ressourcenofbau, Waasser- a Loftverschmotzung, Krich a Radioaktivitéit. Am Kino gëtt et zumools säit den 1970er-Joren eng kloer Tendenz, reell a fiktional Ëmweltkatastrophen, -verbriechen a -skandaler an d’Suitten dovu fir eenzel Communautéiten oder d’Mënschheet als Ganzes opzegräifen a filmesch ze verschaffen. Vum Documentaire iwwer de Katastrophekino bis bei de Justizdrama bitt d’Konferenz en Iwwerbléck iwwer déi markantste Filmer, déi sech mat ënnerschiddlechste Forme vun Ekoziden auserneegesat hunn.

https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=285754

 

4. “At what point do we escalate?“ – Ekoterrorismus am Film

Datum : Samschden, 11. November 2023 | Auerzäit : 9h30-12h00  | Lieu : CinéStarlight

Conferencière : Viviane Thill

 

Als Ekoterroriste gi Mënsche bezeechent, déi illegal Mëttel benotzen fir d’Natur ze schützen oder fir op d’Destruktioun vun der Ëmwelt opmierksam ze maachen. Mee wärend Terroristen net eréischt zanter 2001 am Kino dacks d’Roll vun deene Béisen iwwerhuelen, sinn Ekoterroristen nach éischter seelen a meeschtens och vill méi komplex duergestallt. Filmer, déi Ekoterroristen als Personnagen hunn, verhandelen Theme wéi Responsabilitéit, Moral, sozial Ongerechtegkeet, Gewalt a d’Zukunft vun der Mënschheet. Se gehéieren och zu den nach rare Filmer, déi sech mat der Klima- an der Biodiversitéits-Kris ausernee setzen an no Weeër sichen, dës am Kino duerzestellen.

https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=285755

 

5. Inventing Worlds – Imaginär Welten am Fantasy- a Science-Fiction-Kino

Datum : Samschden, 25. November 2023 | Auerzäit : 9h30-12h00  | Lieu : CinéStarlight

Conferencier : Yves Steichen

 

Säit sengen Ufäng war de Kino als audiovisuellt Medium a Konschtform ëmmer nees mat der Fro konfrontéiert, wéi sech Landschaften a Welten um groussen a klengen Ecran duerstelle loossen, déi esou net oder net méi an der Realitéit existéieren – vu prehistoreschenfantasteschen oder mythologesche Welten bis bei friem Planéiten an ausserierdesch Ekosystemer. An der Konferenz gi mir der Fro no, wéi de Kino am Laf vu senger Geschicht dës erzieleresch Erausfuerderung gemeeschtert huet a wourun ee sech bei der Gestaltung vu fiktive Welten am Fantasy- a Science-Fiction-Kino inspiréiert huet.

https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=285756

 

6. Hello Bambi ! – D’Natur am Animatiounskino fir Kanner

Datum : Samschden, 2. Dezember 2023 | Auerzäit : 9h30-12h00  | Lieu : CinéStarlight

Conferencière : Viviane Thill

 

Dem Walt Disney säi „Bambi“ war fir vill Generatiounen déi éischt Konfrontatioun mat der Natur am Film. Säit de Bambi 1942 fir d’éischt an de Kino koum, huet awer net just eis Ëmwelt sech verännert, mee och d’Filmindustrie, d’Manéier wéi mer d’Natur gesinn an duerstellen, a wéi mer eise Kanner se weisen. An der Konferenz ginn net nëmmen Disney a Pixar-Filmer ënnert d’Lupp geholl, mee och japanesch Meeschterwierker wéi „Princesse Mononoke“ an eng ganz Rei Lëtzebuerger Koproduktiounen, vu „Kirikou“ bis zu „Wolfwalkers“.

https://ssl.education.lu/ifen/descriptionformation?idFormation=285757