CCR opderschmelz
1a rue du Centenaire,L-3475 Dudelange
15:00-19:00 : Grand Auditoire: Blind date with books
20:00 : Ciné Starlight: Kappkino - Wou ginn Elteren nuets hin?
Fräien Entrée
Wat geschitt wann een net mat den Ae liest? Wann ee genau dëse Sënn ewechléisst? Mat welche Sënner kann ee soss nach Bicher entdecken a sech op Texter aloossen? Am Kader vun de Journées du Livre et du Droit d’Auteur invitéiere mär iech op e „blind date“ mat Bicher!
Nomëttes am Grand Auditoire vum CCR opderschmelz kënn Där Äert Wësse bei engem Audioquizz testen, méi iwwer Brailleschrëft an eng Hörspillbibliothéik gewuer ginn, Iech vun enger „Boîte à histoires a lëtzebuergesche Kannermärecher verzaubere loossen, Iech an engem bequeme Lieseck entspanen an Iech mat neiem Liesstoff versuergen, dee säin Inhalt net op den éischte Bléck verréit.
Owes invitéiere mär Iech an de Ciné Starlight fir d’Lauschterstéck « Wou ginn Elteren nuets hin?“ ze entdecken.
Partenaires : CCR opderschmelz | Bibliothèque publique régionale de Dudelange | Bibliothèque municipale de Differdange | Escher Bibliothéik | Centre National Audiovisuel (CNA) | Librairie Diderich | Radio ARA | Service Jeunesse Esch | Zoom éditions | Centre pour le développement des compétences relatives à la vue (CDV) | Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung
Fir méi Informatiounen, clickt hei!